News-Archiv
Dat war et!
E Stopp fir de Mupp
Spendenaktioun
Schoulfest 2023
Schoulausfluch C 2
Beetebuerger Park
Virliesconcours Schoulgewënnerin -Leily
De ganzen Cycle 3 war an d'Philharmonie
De ganzen Cycle 3 war an d'Philharmonie
De C3.1b an C4.1 op Visite am Mudam
Den C3.1b an de C4.1 waren haut am MUDAM. Si hunn zwou Ausstellungen mat moderner Konscht gesinn, eemol vum musikaleschen Kënschtler Tarek Atoui an eemol vun der Kënschtlerin Tacita Dean an konnten an engem Workshop kreativ ginn.
De Kleeschen op Besuch am Cycle 1
De Méindeg de Mëtteg huet de Kleeschen eis zesumme mam Houseker am Cycle 1 besicht. Zesummen hu mir him de "Léiwe Kleeschen" gesongen. De Kleeschen huet sech vill Zäit geholl an d'Kanner all eenzel begréisst. A sengem Gepäck hat hie fir jidder Kand e Boxemännchen, heiando allerdéngs och eng Rutt fir verschidde Kanner drun ze erënneren, wat si him ganz léif versprach hunn. Zum Schluss huet all Klass nach eenzel e Lidd gesongen fir dem Kleeschen an dem Houseker Äddi ze soen.
Och beim Cycle 2 huet de Kleeschen nach kuerz erageluusst a moie gesoot.
Zu Réimech op der Äispist
De Cycle 2.2 war op d' Äispist zu Réimech
Den C3.1 um Niklostour duerch Réimech
De Mëttwoch den 30. November waren déi zwou Klassen aus dem C3.1 op de Spueren vum Zinniklos duerch Réimech ënnerwee. Den Saint Nicolas ass nämlech de Schutzpatroun vun där Stad an dofir fënnt deen nach munch een Eck deen un hien erënnert. D'Kanner hu vill Legenden iwwert denn Zinniklos kennegeléiert, konnten d'Glacken am Kierchenturm an vill schéi Fënsterbiller an Statuen vum Saint Nicolas bestaunen, iwwert den Béi vum Kiercheschëff trëpplen, dem Kleeschen ee Lidd virdroen an him hir Biller a Bastelaarbeschten schenken. Ee Video vum Nikloslidd fann Dir op eiser Cyclesäit.